Artikel 003: Gutt an schlecht Froen – An wat frees du dech?

Deng Froen beaflossen deng Gedanken. Et sinn net d’Ëmstänn an dat wat der geschitt déi deng Gefiller, däin Verhalen an schlussendlech däin Liewen beaflossen, mee d’Aart an Weis wei’s de déi Erfarungen interpretéiers, bewäerts mee och wat’s de schlussendlech draus leiers.

Am Fong ass Denken näischt aneschtes wei den Prozess oder d’Spill vun Fro an Äntwert (Anthony Robbins). Wann’s de elo denks “Spënnt hien!” oder “Do ass effektiv eppes drun.” ginn ech dovun aus dass de der elo just grad d’Fro gestallt hues: “Kann dat stemmen?” 😉

Wann’s de d’Qualitéit vun dengem Liewen änneren an verbesseren wëlls, solls de och d’Froen déi’s de der Dag fir Dag stells, ënnert d’Lupp huelen. Froen sinn déi wichtegst Technik fir eppes oder besser, alles ze leieren. Och wei an wat’s de denks. Leieren ass ausserdeem eppes wat dech am Liewen méi zefridden mécht an weiderbréngt. Wann’s de der besser Froen stells kriss de och besser Äntwerten, d’Qualitéit vun den Froen bestëmmt den Wäert vun dengen Äntwerten.

D’Klassiker ënnert den schlechten Froen sinn zum Beispill

  • Firwat geschitt dat ausgerechent mir?
  • Firwat kann ech mer dat net leeschten?
  • Firwat sinn ech esou onzefridden mat mengem Job?

Wien schlecht Froen stellt, kritt vun sengem Gehir, liddereg wei et nu vun Natur emol ass, an der Reegel och schlecht Äntwerten. Oder guer keng.

  • Well’s de dech erëm blöd ugestallt hues.
  • Well’s de et verdéngt hues.
  • Well dat esou ass.
  • ???

Schlecht Froen riichten den Fokus op däin Ego, deng Problemer an dat wat net klappt. 

Alternativ, also gutt an konstruktiv Froen wieren zum Beispill:

  • Wei maachen ech dat bescht draus an wat kann ech an Zukunft änneren? 
  • Wat kann ech maachen fir mer dat kennen ze leeschten?
  • Wei eng Aarbechten maachen mech zefridden an wei kommen ech dohin?

Gutt Froen hëllefen der däin mentalen Bléckwénkel ze verbesseren. Zudeem sinn se konstruktiv an kennen dech op en Wee bréngen eppes ze änneren. Se sinn capabel deng aktuell Problemer oder schlecht Erfarungen an eng Kraaft an Motivatioun ze verwandelen fir un der ze schaffen an eppes aus dësen Problemer an schlechten Erfarungen ze leieren. 

Eng brillant Äntwert kritt ëmmer deen, deen nach méi eng brillant Fro stellt.

E.E. Cumming

Mat Äntwerten op eng schlecht Fro wei “Wat hunn ech elo erëm alles verluer?” fäls de just an Selbstmatleed, Gesouers an Frustratioun, si lämen dech ausserdeem op dengem weideren Wee.  Äntwerten op eng gutt Fro wei “Wat ass mer alles bliwwen an wat kann ech doraus opbauen?” sinn par contre richteg Ressourcen an weisen der fréier oder spéider Léisungen op mat deenen’s du eppes änneren an bewierken kanns.

D’Froen déi’s de der stells entscheeden iwwert deng Ziler op déi’s de dech konzentréiers, deng Denkweis an däin Handelen. Ëmgekéiert gëllt dat natierlech och fir déi Froen déi’s de der net stells.

Froen veränneren däin Bléckwénkel an domat automatesch deng Gefiller. Mat “Firwat huet keen mech gär an fillen mech dowéinst schlecht?” riichts de däin Bléckwénkel op d’Sich no Referenzen an Glawenssätz déi der en Grond ginn sech depriméiert an schlecht ze fillen. Mat “Wat kann ech änneren fir dass ech mech elo besser fillen an wat kann ech draus leieren?” konzentréiers de dech op Problemléisungen. Mat Ausdauer an Konzentratioun op der Sich no Grënn dech besser ze fillen wäert sech ausserdeem däin emotionalen Zoustand verbesseren. 

Gutt Froen wei  “Wat kann ech an Zukunft léieren dass mer esou eppes net méi geschitt?” sinn konstruktiv an renkelen dech ewech vun dengem Problem hin zu enger Léisung. Wann’s de der esou Froen net stells , schléiss de vun Ufank un d’Méiglechkeet aus, dass en Problem och eng Chance duerstellen kann.

Froen wierken sech op deng Glawenssätz aus, verfestegen se oder awer erméiglechen der et se ze duerchbriechen. D’Fro ass net op’s de Problemer hues, mee wei’s de domat ëmgees.

  • Wat ass un dësem Problem positiv?
  • Wat kéint ech déi nächste Kéier verbesseren?
  • Wat sinn ech bereet ze investéieren fir d’Situatioun no mengen Wënsch ze verbesseren?
  • Op wat sich ech bereet ze verzichten fir d’Situatioun no mengen Wënsch ze verbesseren?
  • Wei kann ech dës Verännerungen genéissen wärend ech meng Situatioun veränneren an verbesseren?

Gutt Froen maachen d’Kraaft waakreg déi an jiddwerengem ass an déi och noutwendeg ass dech op den Wee zu dengen Zieler ze maachen. Stell der Froen déi et dier erlaben d’Freed vun dengem Liewen ze vergréisseren anstatt ëmmer dat Schlecht ze bestätegen an ëmmer d’selwecht weiderzemaachen. 

Ob en Mënsch klug ass, erkennt een un sengen Äntwerten Ob en Mënsch weis ass erkennt een un sengen Froen.

Nagib Mahfuz

Fir ofzeschléissen nach en puer Tuyauen:

  1. Gëff net op, du wäerts net ëmmer direkt eng Äntwert op deng Froen fannen.
  2. Schreif der Froen an d’Äntwerten op. Schreiwen huet vill Virdeeler, een dovun ass dass de et ëmmer kanns noliesen an et net esou schnell vergëss. 
  3. Deng Äntwerten fënns de oft net op den éischten Coup. Schaff dech Schratt fir Schratt virun.
  4. Bleif locker an entspaant.

Iwwerlee der gutt wat’s de dech frees, well wat’s de och sichs, du wäers et fannen.

Wei stees du zu gudden an schlechten Froen oder wei sinn deng Erfarungen domat? Schreif mer dach einfach en Kommentar wann’s de Loscht hues.

Op Facebook, Instagram, Twitter an Pinterest fënns de aner Inspiratiounen an Iddien vun mer.

Du kanns dech natierlech och gären fier mein Newsletter anschreiwen.

Ech wënschen der nach en schéinen an gesonden Dag. 🙂

De Glécksatelier.

Artikel 002: Eegeverantwortung

Eegeverantwortung

Prolog

Meng Elteren sinn schold dass näischt aus mer ginn ass.

Mäin Partner ass schold dass ech net glécklech sinn.

Mäin Chef ass Schold dass ech esou wéineg verdéngen.

Mäin Frëndeskrees ass schold dass ech ze vill Alkohol an Zigaretten konsuméieren.

Den Cactus ass schold dass esou vill Zocker an Kalorien an den Liewensmëttel sinn.

Jeannot Humpen

Ausrieden déi du an ech schonn esou oft héieren oder vläicht schonn selwer benotzt hunn.

An der Perséinlechkeetsentwécklung ass Verantwortung fir säin Liewen an seng Decisiounen iwwerhuelen een vun deenen Punkten laanscht deen een net wäert kommen fir perséinlech an berufflech en Schratt weider ze kommen.

Et mécht keen Sënn seng Eegeverantwortung ofzeleeën an aneren d’Schold fir schlecht an negativ Saachen an sengem Liewen ze ginn. Mer hunn leider oft d’Tendenz des Verantwortung ewech ze drécken, mee spéitstens wann alles un engem selwer hänken bleift, huet se dech dann awer fréier oder spéider erëm ageholl.

Jo, ech ginn der Recht, d’Liewen ass keen Ponyhof an oft onfair (ech nennen et: onperséinlech) an du kanns effektiv net alles kontrolléieren. Trotzdeem: du bass keen Affer vun dengen Elteren, dengem Chef, dengem Partner, der Politik, den Séissegkeeten an wien och ëmmer.

Du bass net d’Resultat vun dengen Ëmstänn. Du bass d’Resultat vun dengen Decisiounen.

Glécksatelier

Du dréis villäicht net ëmmer d’Verantwortung fir dat wat der geschitt, par contre dréis de d’Verantwortung vun den Konsequenzen, dofir weis du domat ëmgees an weis du däin Liewen trotzdeem weiderliefs an probéiers doraus eppes ze leieren, ze änneren an dat Bescht aus der Situatioun ze maachen.

Du kanns net ëmmer steieren wat ronderëm dech geschitt, mee du kanns decidéieren wei’s de drop reagéiers. Verantwortung iwwerhuelen ass eng gewëssen Macht iwwert däin Liewen. An et ass jo däin Liewen, du feiers doran Regie an sees an denks wei et weidergeet. Wann net du, wien dann?

Wann’s de aneren Leit d’Schold un schlechten Ëmstänn an dengem Liewen gëss, gëss de hinnen och d’Macht iwwert däin Liewen.

D’Resultat ass dass een domat d‘Kontroll verléiert, an schlussendlech sech ausgenotzt, an en Eck gedrängt oder ongerecht behandelt fillt. Zudeem mécht een sech ofhängeg vun den Meenungen, Viruerteeler an Glawen vun deenen aneren. Eng Marionette am Theaterstéck “Opferroll an Komfortzon” déi ni weiderkënnt an ni erwuessen gëtt.

Ënnerschätz net deen Afloss deens du selwer hues fir do dogéint kënnen unzesteieren, als effektiv Moossnam ass et net déi schlechtsten Iddi ufänken Verantwortung fir säin Liewen ze iwwerhuelen. Elleng déi Tatsaach dass een sech herno méi zefridden an glécklech fillt ass et wäert. Ausserdeem hellt een mat der Zéit vill méi oft an vill besser Decisiounen.

Et leit un dier ob’s de an allem just déi schlecht Saachen gesäis oder och emol déi gutt, du hues et selwer an der Hand ob’s de deeglaang rosen, traureg oder enttäuscht iwwert eppes bass oder net. Wann’s du bis verstees dass du deng Gedanken an Gefiller steieren kanns an du et bass deen villäicht ze vill negativ agestallt ass oder sech ze vill rosen maachen léisst, leit Decisioun ze handelen an eppes ze änneren erëm bei dier an du eleng kanns decidéieren weis du dech fills, weis du reagéiers oder weis de weider mëss.

Wann’s de een Verantwortlechen sichs, benotz en Spigel an keng Spektiv.

Glécksatelier

Rou dech net op Ausrieden aus, veränner deng Situatioun. Sich net ëmmer en Schëllegen, mee reflektéier an hannerfro dech selwer. Denk an Léisungen statt an Problemer Looss net déi berechtegt Angscht an Zweiwel virun Decisiounen an Handlungen däin Liewen bestëmmen, fänk einfach un, maach eppes, an wann et en Feeler ass, leier draus. Keen ass perfekt. Erwaart net dass anerer dech beglécken, pass selwer op dech op fir dass de gesond an zefridden liefs.

Gleef mer, et fillt een sech domat vill besser an gëtt dengem Liewen en gréisseren Sënn. Ciao Opferroll, Moien Onofhängegkeet. Eegen Meenung an Selbstbewosstsinn? Kommt eran, you’re welcome. 🙂

Wei stees du zur Eegeverantwortung oder wei sinn deng Erfarungen domat? Schreif mer dach einfach en Kommentar wann’s de Loscht hues.

Op Facebook, Instagram, Twitter an Pinterest fënns de aner Inspiratiounen an Iddien vun mer.

Du kanns dech natierlech och gären fier mein Newsletter anschreiwen.

Ech wënschen der nach en schéinen an gesonden Dag. 🙂

De Glécksatelier.

Artikel 001: Dankbarkeet

Dankbarkeet

En groussen Deel vun der Zefriddenheet hänkt net vun dengen Liewensëmstänn (mäin Haus, mäin SUV, mäin iPhone) of mee vun deem wat’s de konkret Dag fir Dag an dengem Alldag mëss. Wann’s de also ufänken wëlls un denger Zefriddenheet ze schaffen, ass et am Fong logesch dass de un dengem Alldag usetzen kanns fir relativ schnell en Resultat ze gesinn.

Den Virdeel ass, dass dass et oft näischt kascht, du direkt domat ufänken kanns, een keng Rakéitenfuerschung brauch fir et ëmzesetzen an een, wei schonn geschriwwen, relativ schnell en Resultat gesäit.

Eng einfach an effektiv Saach fir deng Zefriddenheet en bëssen ze puschen ass dankbar ze sinn fir dat wat een am Dag erlieft oder gemaach huet. Well egal wei schwéier mer et am Liewen hunn, et ginn ëmmer bestëmmten Saachen am Liewen fir déi een sech dankbar kann schätzen. An déi sollen der hëllefen deng Astellung, den Gedanken an deng Ausstralung laangfristeg op en méi positiven Wee ze bréngen.

An wei geet dat konkret?

Dëst ass ganz einfach: Schreif der Owes (oder moies nom Opstoen) einfach 3 positiv Saachen op fir déi’s de dankbar bass dass du se den Dag iwwer gelieft hues.

Fro dech fir déi 3 Saachen

  1. Wat war haut flott
  2. Wat hunn ech dozou bäigedroen dass ech et als flott empfonnt hunn.

Sief konkret, et kennen klenger Saachen sinn wei och grouss Saachen.

Beispill:

  1. D’Wieder war gutt, ech sinn spadséieren gaangen
  2. Ech hat en gutt Gespréich op der Aarbecht.
  3. Ech hunn endlech d’Fënsteren gebotzt

Zu 1) D’Wieder ass mer bewosst ginn (Achtsamkeet), an ech hunn mer dofir Zäit geholl et ze genéissen,

Zu 2) Hei och: ech hunn mer Zäit geholl, ech hunn nogelauschtert an Froen gestallt, asw.

Zu 3) Idem: ech hunn mech dofir gerappt, an hunn eppes fäerdeg gemaach wat schonn säit längerem opstoung an d’Gefill et endlech gemaach ze hunn war positiv.

Alternativ kanns de och Saachen opschreiwen déi mer gären an der Hektik vum Dag vergiessen an vill ze vill oft als selbstverständlech empfannen.

  • Ech sinn dankbar iwwert en Daach um Kapp
  • Ech sinn dankbar dass ech / mäin Partner / mäin Kand / asw gesond sinn
  • Ech sinn dankbar dass ech keen Honger muss leiden
  • asw…

Dankbarkeet mécht den Äermsten räich.

Andreas Tenzer

Dat sinn d’Basics. Dat wichtegst ass domat unzefänken. Dat zweetwichtegst an alleraller wichtegst: dëst all Dag ze maachen. Maach et wierklech zur Gewunnecht. Sief am Ufank net ze vill ongedëlleg, et wäert en bësschen daueren däin Gehir ëmzeprogramméieren. Mais du wäerts d’Wierkung Stéck fir Stéck mierken.

Oekohokuspokus?

Definitiv net. Et ginn zeg Studien déi beleeën dass z.B.

  • Dankbarkeet Stress reduzéiert 1
  • Dankbarkeet deng Liewensqualitéit verbessert 2
  • Dankbarkeet deng Hëllefsbereetschaft steigert 3
  • Dankbarkeet der esouguer hëlleft traumatesch Erliefnisser ze verschaffen. 4

Et schéngt also méi dohannert ze stiechen.

Huel der en Bic an en Block an probéier et. 🙂

An wann der en Block ze simpel ass an du direkt mat engem Ferrari wëlls lassleeë dann kann ech der en sougenannten Gléckstagebuch proposéieren.

Wei stees du zur Dankbarkeet oder wei sinn deng Erfarungen domat? Schreif mer dach einfach en Kommentar wann’s de Loscht hues.

Op Facebook, Instagram an Pinterest fënns de aner Inspiratiounen an Iddien vun mer.

Du kanns dech natierlech och gären fier mein Newsletter anschreiwen.

De Glécksatelier.

Quellen & Referenzen

(1) https://www.wirtschaftspsychologie-aktuell.de/strategie/strategie-20150409-dankbarkeitstraining-macht-stressresistent.html

(2) https://www.tagesspiegel.de/gesellschaft/panorama/us-forscher-dankbarkeit-macht-gluecklich-noergler-sind-erfolgloser-und-schlafen-schlechter/423420.html

(3) https://greatergood.berkeley.edu/images/application_uploads/Bartlett-Gratitude+ProsocialBehavior.pdf

(4) https://link.springer.com/article/10.1007%2Fs12144-004-1008-z